forme-8-copie-3

Pädagogik

D'MONTESSORI-PÄDAGOGIK AN D'PIKLER-PÄDAGOGIK

forme-9-copie-3

D'Kannerbuerg Téinten huet eng besonnesch Pädagogik fir hir Crèche. Si inspiréiert sech un der Emmi-Pikler-Pädagogik fir déi ganz Kleng an un der Maria-Montessori-Pädagogik fir déi méi Grouss.

Montessori-Pädagogik



LÉISST SECH MAT "HËLLEF MER, SELWER EENS ZE GINN" RESÜMÉIEREN


Dës Pädagogik huet d'Zil, d'Kand selbststänneg ze maachen an em duerch d'Entwécklung vu senge Sënner an der Méiglechkeet, ganz fräi an a sengem Rhythmus opzebléien, Selbstvertrauen ze ginn.
Kanner si fäeg, iwwerraschend konzentréiert an disziplinéiert ze sinn.
Sämtlech Gruppen hunn en Erzéier/eng Erzéierin, deen/déi s'an engem stabillen a sécheren Ëmfeld begleede soll.
D'Kanner däerfe sech ënnert alle virgeschloenen Aktivitéiten déi raussichen, där se gär nogoe géifen, virausgesat se gouf scho vun hirem Erzéier/hirer Erzéierin erkläert. Wa se wëllen, däerfe se lues schwätzen oder sech beweegen, ënnert der Bedéngung, datt se weder d'Aarbechtsklima nach déi aner Kanner stéieren.
Op Regaler, wou d'Kanner einfach drukommen, sti Plateaue mat spezifeschem Material, dat vun der Maria Montessori entwéckelt gouf, fir déi motoresch, intellektuell a spirituell Entfalung vum Kand ze fërderen. Vu jiddwer Plateau gëtt et nëmmen een eenzegt Exemplar, soudatt d'Kanner opgefuerdert ginn, ze deelen an deemno déi aner ze respektéieren.
Dës Pädagogik betruecht d'Bedierfnesser vum Kand zu all Stadium vu sengem Wuesstem a vu senger Entwécklung. D'Plateaue sinn un all Entwécklungsstadium ugepasst, soudatt all Kand seng Plaz fanne kann an no jiddwerengem sengem Rhythmus gekuckt gëtt.

Pikler-Pädagogik



VUM SELWE LÉIEREN


"Kommt, mir erlaben engem Kand ni eppes, wat mer em spéider verbidde wäerten" – Emmi Pikler
D'Kanner kënne sech ganz fräi beweegen, se léiere vum selwen, selbststänneg an hirem eegenen Tempo entspriechend. Déi autonom Aktivitéit ass ganz wichteg! Den Erzéier/d'Erzéierin huet d'Aufgab, de Kanner e séchert (stabilt, zouverlässegt, berechebaart) Ëmfeld ze bidden, mat vill ofwiesslungsräichem an altersgerechtem Material, dat ee sech ouni Ëmstänn huele kann. Den Erzéier/d'Erzéierin soll de Kanner hëllefen, ze begräifen, wat se schonn erreecht hunn, fir hiert Selbstvertrauen an hiert Selbstwäertgefill ze fërderen.
Fir seng Entwécklung ass et wichteg, datt d'Kand eng privilegiéiert affektiv a laangwiereg Bezéiung zu deem selwechten Erwuessenen opbaut. Et brauch nämlech fest Bezuchspunkten.
Den Erzéier/d'Erzéierin ass verflicht, sech ëm all Kand ze këmmeren, dat an der Crèche ass. D'Betreiung an d'Molzechte sinn esou individualiséiert ewéi méiglech, fir datt dem Kand säi Verhalen a seng Entwécklung beobacht a seng Wënsch a Bedierfnesser interpretéiert kënne ginn.
Den Austausch ass wichteg, fir d'Selbstwäertgefill ze fërderen. E bitt dem Kand d'Méiglechkeet, sech an der Zäit an am Raum z'orientéieren an z'entdecken, wien et selwer ass. Den Erzéier/d'Erzéierin fuerdert d'Kand op, un Aktivitéiten (Molzechten, Austausch asw.) deelzehuelen. Hien/si schwätzt mat him, fir em unzekënnegen, wat alles geschéie wäert, an en/si erkläert em, wat grad gemaach gëtt, soudatt d'Kand am Stand ass, sech op dat virzebereeden, wat op et duerkënnt, an duerno ze reagéieren.

Katya Witherington

KANNERBUERG TÉINTEN SARL
35, rue de Luxembourg
L-7480 TUNTANGE

info@kannerbuerg.lu
T. (+352) 621 353 656